Save the date: Oekofest 20.09.2026
Datum/Zeit
Datum - 20/09/2026
11:00 - 18:00
Veranstaltungsort
Oekozenter Pafendall
Kategorien
📅 D’Oekofest 2026 ass dëst Joer Sonndes, den 20. September.
Et erwaart Iech e ganzen Dag mat flotten an ureegenden Aktivitéite fir déi ganz Famill an dem esou authenteschen a flotte Véierel Pafendall: Musék op e Plazen, Animatioun (vu Clowne bis zu Matmaachtatelieren), vill ureegend Stänn, Workshoppen, leckert (Bio)iessen, informativ Visitten an och déi eng oder aner Iwwerraschung. A natierlech: léif Leit, mat deenen een sech no der Summervakanz austausche kann.
Notéiert Iech elo schonn den Datum – weider Informatiounen zum Programm an zu den Aktivitéite ginn an de kommende Wochen bekannt.
👉 Méi Informatiounen geschwënn op meco.lu an an onser Newsletter






