Kongress 2024 vum Mouvement Ecologique

Lade Karte ...

#_EV_DATETIME
#_EV_DATES - 21/03/2024
18:15 - 20:45

#_EV_LOCATION
Oekozenter

#_EV_CATEGORIES


mat – nieft dem statutareschen Deel – engem Austausch mam Ëmweltminister Serge Wilmes

 

Léiwe Member,

 

Et wier ganz wichteg a flott, datt Dir op de Kongress kommt, och wann Dir soss net aktiv sidd am Mouvement Ecologique. Duerch Är Präsenz um Kongress weist Dir Är Solidaritéit an Är

Ënnerstëtzung fir de Mouvement, weist den Aktiven, datt sech hiert Engagement lount. A natierlech kënnt Dir och positiv oder kritesch Umierkunge maachen. Grad an dësen Zäiten ass et wichteg, sech

gemeinsam esou weiderhi Courage ze maachen!

An et ass sécherlech interessant, dem neien Ëmweltminister „de Bols ze fillen“.

 

Bis elo huet gesetzlech gegollen, datt bei enger Haushaltsmemberschaft, all eenzelnen Member huet missen eng eenzel Aluedung kréien. Vill Memberen hu gesot, dat wär Verschwendung, wat och richteg ass. Elo ass et esou, datt dat aus juristesche Grënn awer net mei néideg ass. Duerfir kritt all Haushalt just nach eng Aluedung per Post. Ma natierlech ass all Member wëllkomm um Kongress a kann natierlech mat ofstëmmen!

 

De genauen Oflaf vum Kongress fannt Dir an hei der Invitatioun .

 

De Mouvement Ecologique bitt zënter e puer Joer e Service just fir seng Memberen un: eng gratis elektronesch Newsletter, déi reegelméisseg erauskënnt (meeschtens 1 mol d’Woch ausser an de Vakanzen). Doranner fannt Dir Infoen zu den aktuelle Stellungnamen, Veranstaltungen, Opriff…. . D’Newsletter ass e wichtegt Kommunikatiounsinstrument. Duerfir: falls Dir bis elo nach net abonéiert sidd: maacht dat! Wann Dir eis Newsletter wëllt geschéckt kréie, maacht einfach e Mail un:  inscription@meco.lu.

 

Mir wëllen den Owend zesumme bei engem Patt a „Walking Buffet“ gemittlech ausklénge loossen. Do kënne mir jo weider iwwert déi haiteg Erausfuerderunge méi entspaant schwätzen.

 

Mëllt Iech dowéinst wgl onbedengt bis den 19. Mäerz allerspéitstens un: meco@oeko.lu.

 

Den Ofschloss ass bei engem Patt a „Walking Buffet“.

 

Fir d’Organisatioun ze erliichteren a wéinst dem Iesse wier et léif, wann Dir Iech géift mat Zäiten umellen: meco@oeko.lu oder Tel. 439030-1

 

 

 

07.03.2024

https://www.meco.lu/wp-content/uploads/2024/03/Invitation-AG-2024.pdf

https://www.meco.lu/wp-content/uploads/2024/03/Newslette-Abonneieren.pdf