Memberforum zu de Nationalwalen 2018: Fir méi en demokratescht a nohalteg Lëtzebuerg

Lade Karte ...

#_EV_DATETIME
#_EV_DATES - 16/01/2018
18:30 - 21:30

#_EV_LOCATION
Oekozenter Pafendall

#_EV_CATEGORIES


Virschléi am Beräich Demokratie a nohalteg Entwécklung: Wéi eng Initiativen kënnen ergraff ginn, fir d’Informatioun an d’Participatioun auszebauen? Wéi eng Verbesserungen um gesetzleche Niveau si néideg? Wéi eng Instrumenter ergräifen, datt de Gesellschaftsmodell Lëtzebuerg méi nohalteg / zukunftsfäheg gëtt?

 

2018 stinn d’Nationalwalen an d’Haus… an natierlech erstellt de Mouvement Ecologique Propose fir dës Walen. Duerfir organiséiere mir och erëm thematesch Memberforen, op deene mir eis Proposen diskutéieren.
Et wir flott, wann eng Partie Memberen un dëse Foren géingen deelhuelen. Kommt laanscht: och wann Dir soss net esou aktiv sidd am Mouvement.
Bréngt Är Iddien an, oder notzt einfach d’Méiglechkeet vun engem Austausch an engem labere Kader, och wann Dir net esou am Thema dra wäert.
W.e.g. mellt Iech onbedéngt un, fir datt mir Iech am Virfeld kënnen all Ënnerlagen zoustellen an och genuch Iesse virgesinn (resp. datt mir Iech kéinte Bescheed
soen, wann eppes dertëschent kéim). meco@oeko.lu, Tel. 439030-1.
D’Fore si jeeweils vun 18.30 – 21.30 am Oekozenter Pafendall, 6, rue Vauban, Stad!

Fir eppes Klenges ze iessen ass natierlech gesuergt.