Kabar Ö – „Total am Bësch” eng kabarettistesch Vue op eng Mouvementéiert Zäit zu Iechternach
#_EV_DATETIME
#_EV_DATES - 02/03/2019
20:00
#_EV_LOCATION
Trifolion Echternach
#_EV_CATEGORIES
Samschden, 2. Mäerz 2019 um 20.00
Trifolion Echternach, 2, porte St. Willibrord, L-6486 Echternach
Reservéierung: http://bit.ly/2RL5AVK
Organisatioun: Mouvement Ecologique a seng Regional Mëllerdall
De klenge Lëtzebuerger Mikrokosmos, “déi do uewen déi decidéieren” – “déi do ënnen déi knadderen”, d’Loscht op Konsum – de Verdross virun der Verännerung vun der Landschaft, Engagement, Atomkraaft, Wirtschaftswuesstem, Politikverdrossenheet: Themen, déi haut ganz aktuell sinn.
Ma wéi war dat virun 10, 20, 30 Joren a méi? Ass haut alles besser? Wat ass muer?
Zum Ulass vum 50. Gebuertsdag vum Mouvement Écologique huele mir Iech mat op eng kabarettistesch Zäitrees, mat sprëtzegen, interessanten « ale » Nummere vu bekannten oder manner bekannte Kabarettiste bis hin zu e puer neien aktuellen Nummeren. A wie weess, vläicht ass villes wat mer haut soen, guer net esou nei. Oder iren dach?
All eis nohalteg Texter sinn op recycléiertem Pabeier geschriwwen a sämtlech Pointe biologesch ofbaubar.
Et spillen: Alain Adams, Raymond Bertemes, Carole Doffing, Nicole Keiser-Jedrysiak, Irène Zeimes
Mat Texter vun: Alain Adams, Josy Braun, Roland Gelhausen, Jhemp Hoscheit, Josiane Kartheiser, Pir Kremer, Roland Meyer, John Moris, Jay Schiltz, Jemp Schuster
Regie: Clod Thommes
Musek: Paul Dahm a Camille Nanquette