Hausfliedermais – (on)heemlech Kobolde vun der Nuecht

Lade Karte ...

#_EV_DATETIME
#_EV_DATES - 19/05/2014
19:00

#_EV_LOCATION
Oekozenter Pafendall

#_EV_CATEGORIES

No Categories

fliedermais.hpDe Mouvement Ecologique a seng Regional lueden härzlech all hier Membren an op e Virtrag vum Jacques Pir, Biolog an bekannten Expert an dësem Thema.

E Méindeg, 19. Mee 2014 em 19.00 Auer am neien Oekozenter, 6 rue Vauban am Pafendall.

Déi wéinegst Leit wëssen, datt et zu Lëtzebuerg 21 Fliedermausarte gëtt oder besser gesot gouf, wëll vill vun eisen heimesche Fliedermausarte si vum Ausstierwe bedrot.

Mir huelen Iech dësen Owend mat an d’Welt vun de Fliedermais – och an der Stad. Mir ginn gewuer wéi a wou se liewen, firwat se bedrot sinn a wat jidderee fir de Schutz vun den hausbewunnende Fliedermais maache kann.

Wann d’Wieder et erlaabt gi mer anschliessend mat engem Ultraschalldetektor bis bei d’Uelzecht fir Fliedermais ze lauschteren an ze kucken wéi eng Fliedermausarten sech dann ëm den neien Oekozenter ophalen …

 

Virdrun, em 18.30 Auer as d’Generalversammlung vun der Regional Stad-Lëtzebuerg