Gemengewalen 2017: 2. Memberforum

Lade Karte ...

#_EV_DATETIME
#_EV_DATES - 01/02/2017
18:15 - 21:30

#_EV_LOCATION
Oekozenter Pafendall

#_EV_CATEGORIES


Gemengewalen 2017 – de Mouvement gëtt aktiv: Invitatioun op Memberforen.

D’Sujet’e vum 2. Memberforum:

Drénk-, Of- an Iwwerflächewasser – Waasser als Liewensquell: Gemengen ginn aktiv!
Loft, Kaméidi, Buedem: Ressourceschutz fir eng gesond Ëmwelt
Eng Gemeng vun a fir BiergerInnen: Biergerbedeelejung an e méi un Demokratie

D’Memberforen sinn eng gutt Méiglechkeet sech ze informéieren, auszetauschen a néi Iddieën ze entwéckelen. Si sinn och eng gutt Geleeënheet fir jiddferen, dee Loscht huet sech méi an en Thema eranzeschaffen. Fir eis Fuerderungen / Ureegungen auszeschaffen luede mäer op 4 verschidde Memberforen an. All Member ass häerzlech wëllkomm! Mir si frou fir jiddfereen dee sech abréngt, oder och just nolauschtere wëll.

D’Memberfore si jeeweils vun 18.15 – 21.30 am Oekozenter Pafendall, 6, rue Vauban, Pafendall – Stad. Et gi Bréidercher, e Stéck Tuart a Gedrénks. Eng Umeldung bis jeeweils den Dag virdrun ass wéinst de Bréidercher erwënscht: Tel. 439030-1, meco@oeko.lu.

Méi Infoen och op http://www.meco.lu/de/blog/documentcenter/gemengewalen-2017-de-mouvement-gett-aktiv-invitatioun-op-memberforen/