Generalversammlung Regional „Nordstad“
#_EV_DATETIME
#_EV_DATES - 12/03/2018
19:30
#_EV_LOCATION
Restaurant „Äppel a Biren“
#_EV_CATEGORIES
De Comité vun der „Regional Nordstad“ vum Mouvement Écologique invitéiert op hier Generalversammlung Regional „Nordstad“
Méindes, de 12. Mäerz 2018 um 19.30 Auer
am Restaurant „Äppel a Biren“ 1, route d’Ettelbruck zu Angelduerf
Dagesuerdnung:
- Generalversammlung :
- Aktivitéitsrapport 2017
- Rapport vum Keessier
- Neiwiel vum Comité*
- Diskussioun iwwert d’Entwécklung vun der Nordstad-Regioun
Well am Oktober Chamberwale sinn, wëlle mir mat eise Membere kucken, wéi eng Theme mir sollen am Virfeld an d’Diskussioun brengen.
- Wéi kann déi national Politik hëllefen, datt an der Nordstad eng nohalteg harmonesch Entwecklung stattfënnt?
(Wunnungsbau, Verkéier, Naturschutz, regional Zesummenaarbecht, Aarbechtsplazen, Liewensqualitéit, …) - An a wéi enger Form sollen eis Iwwerleeungen durgestallt ginn?
(Dépliant toute-boite, Aktiounen, Table ronde, …).
*Memberen déi am Comité matschaffe wëllen, kënnen sech beim Laure Simon (Handy: 691 804082, Mail: laure.simon@pt.lu) mellen.
(Well d’Kiche vum Restaurant deen Owend zou ass, kënne mer leider net do iessen.)
Am Comité:
Mariette Braconnier; Véronique Mathay; Laure Simon-Becker, Präsidentin; Jo Spielmann; Lou Steichen; Jean-Paul Zeimes, Caissier.