move. Atomreakter oder Natur an Erhuelung

Lade Karte ...

#_EV_DATETIME
#_EV_DATES - 09/07/2016 - 10/07/2016
14:00

#_EV_LOCATION
Jugendherberg

#_EV_CATEGORIES


Firwat et sech lount sech ze engagéieren

remerschenOp der „Schengener Wiss“ südlech vun de Baggerweieren zu Remerschen war an de 70er Joren en Atomkraaftwierk an iwwer d’Weieren eng Autobunn geplangt. Duerch den onermiddlechen Asaatz vun enger Biergerinitiativ, den Ëmweltorganisatiounen a ville Bierger konnt dëst verhënnert ginn. Wéi ass et dozou komm a wat waren d’alternativ Proposen zu Atom an Autobunn? Wéi war et méiglech, dës Visioun – aner Wäerter – och politesch duerchzesetzen? Fir dëse Froen nozegoen, verbrénge mer dëse Weekend an der Jugendherberg zu Remerschen. Zesumme mat Zäitzeie kucke mer op de Konflikt zeréck, gi gewuer wat dat fir d’Zukunft bedeit, a gesi firwat et sech lount sech ze engagéieren. Nieft engem Tour duerch déi villfälteg Natur, wäerte mer an der Nuecht och eng faszinéierend Fliedermausbesichtegung maachen. Du frees dech wat d’Fliedermaus mat dem Ganzen ze dinn huet? Komm mat a fann et eraus!

Programm: 

Samschdes 9. Juli
14h – Ukommen a Kenneléieren
15h – Entdecke vum Haff Réimech
17h30- Fräizäit & Austausch
19h – Iessen
21h – Eng Fliedermauskoloni vu ganz no erliewen – duerno gemittlech den Owend ausklenge loossen

Sonndes 10. Juli

8h30 Kaffi
10h00 – Treffen mat Akteuren fir sech mat hinnen iwwert d‘Vergangenheet auszetauschen.
12h30 Mëttesiessen + leschten Austausch

Bei guddem Wierder gi mer duerno schwammen.

Mell dech an deng Kollegen un op http://move.meco.lu/events/atomreakter-oder-naturschutz-erhuelung/ oder iwwer move@oeko.lu

Dëse Weekend ass fir Jonker bis 27 Joer.