Farbenfrohes Luxemburg – Wanderung iwwert den Helperknapp
#_EV_DATETIME
#_EV_DATES - 10/05/2014
14:30
#_EV_CATEGORIES
De Mouvement Ecologique an de Musée national d’histoire naturelle an Zesummenarbecht mat der SNL, de Frënn vum natur musée, der ABIOL, AGMP, AGL a natur&emwelt invitéieren häerzlech op eng Wanderung
Samschdes, den 10. Mee 2014 ab 14.30
Maacht mat bei der geologescher an naturalistescher Wanderung iwwert den Helperknapp (Béiwen/ Attert), de Lëtzebuerger Roussillon, am Kader vun der Wanderausstellung «Schatzkëscht Buedem» vum Natur Musée.
Féierung: Marc Schoellen, Gaardenhistoriker, Roger Schauls, Biolog a Josy Huberty
Rendez-vous: Parking beim Bësch am Agang vum Gréiwenknapp wann een vun Openthalt kënnt. (Den Openthalt ass e Lieu-dit an der Gemeng Béiwen-Atert. E läit un der Kräizung tëscht dem CR114, dem CR115 an dem CR116).
D’Féierung, déi gratis ass, dauert ongeféier 2 Stonnen a féiert iwwert Bëschweeër. Öffentlech Transportméiglechkeet: Bus RGTR 445, Arrêt: Gréiweknapp/Riesenhaff Eng Umeldung ass net néideg!