E satiresche Réckbléck op de Mount Mäerz

Lade Karte ...

#_EV_DATETIME
#_EV_DATES - 01/04/2015
19:30

#_EV_LOCATION
Oekozenter Pafendall

#_EV_CATEGORIES


Eng kabarettistesch Liesung  mam Rol Gelhausen a mam Jay Schiltz 

am Bistro vum Oekozenter Pafendall, 6, rue Vauban, Lëtzebuerg

An de vergaangene Méint hat de Mouvement Ecologique regelméisseg op kabarettistesch Liesunge mam Roland Gelhausen resp. mam Jay Schiltz invitéiert.

Elo am Abrëll ass et esou weit: Dës Kéier wäerte si zesummen op hier eegen, satiresch an ironesch Aart a Weis kommentéieren, wéi si all Dag vum viereschte Mount erlieft hunn.

Dobäi hu si natierlech hire spezielle Bléck op d’Politik an d’Gesellschaft.

D’Liesung gëtt des Kéier ouni vegetaresch Leckerein  vun der Kachequipe «Veggie-Table» ugebueden.

Entrée  (ouni Bio-Fingerfood) 15 € .

Bezuelt gëtt an der Oweskeess.

Well nëmmen eng begrenzten Zuel vu Leit méiglech ass a wéinst dem Fingerfood, ass eng Umeldung iwwer meco@oeko.lu oder Tel. 439030-1 noutwendeg.

Déi éischt si vir!