E satiresche Bléck op de Mount

Lade Karte ...

#_EV_DATETIME
#_EV_DATES - 03/02/2015
19:30

#_EV_LOCATION
Oekozenter Pafendall

#_EV_CATEGORIES


Kommt a lauschtert, wéi de Roland Gelhausen all eenzelnen Dag vum eischte Mount vum neie Joer erlieft huet. D’Noriichten déi hien op di him eegen satiresch a léif ironesch Art a Weis kommentéiert si reell a werfen en e besjen anere Bléck op d’Politik an eis Gesellschaf. D’Liesung gëtt wéi ëmmer musikalesch begleed. A wi gewinnt, bréngt d’Lydie Philippy mat senger Kachequipe vegetaresch Leckereien als Häppecher op den Dësch.

 

Rv ass erem am Bistro vum Oekozenter Pafendall, de Sonnden, 1. Februar ëm 17.00 Auer an den Denschden, 3. Februar um 19.30 (de selwechte Programm), 6, rue Vauban am Pafendall.

 

Entrée: 20 € fir Memberen – 25 € fir Net-Memberen. Bezuelt gëtt an der Oweskeess.

 

Well nëmmen eng begrenzten Zuel vu Leit méiglech ass a wéinst den Häppercher, ass eng Umeldung iwwermeco@oeko.lu oder Tel. 439030-1 noutwendeg. Déi éischt si fir!