Béierdeckelsgespréicher: No Politics!!! Den neie Solokabarettsprogramm vum Jay Schiltz

Lade Karte ...

#_EV_DATETIME
#_EV_DATES - 29/01/2017
17:00 - 19:00

#_EV_LOCATION
Oekosoph Pafendall

#_EV_CATEGORIES


Sonndes, den 29. Januar 2017 ëm 17:00 am Oekosoph

Keng Politik ? Oder dach! Oder grad! No ronn dräi Joer Paus kënnt de Jay Schiltz zréck op d’Kabarettsbühn. Meng kabarettistesch Faaschtenzäit ass eriwwer, seet hien, et gëtt vill ze soen an ze kommentéieren, net nëmmen an der Politik. Eis Gesellschaft ass krank, mir steieren a Gedanken, Wieder a Wierker poulriicht an eng nei Katastrof. Emdenken, esou laang et nach geet, och wann dat fir vill net einfach ass. Humor ass, wann een trotzdem laacht.

Entrée: 20 Euro fir Net-Memberen a 17 Euro fir Memberen.

Eng Umeldung bis de 27.1. ass néideg via meco@oeko.lu – Tel. 439030-1