Den Oekosoph mëscht seng Dieren op!

Lade Karte ...

#_EV_DATETIME
#_EV_DATES - 05/06/2015
17:30

#_EV_LOCATION
Oekosoph Pafendall

#_EV_CATEGORIES


OEKOSOPH_VERTKommt laanscht op der Ouverture, 

Freiden, de 5. Juni um 17.30 Auer am Oekozenter Pafendall

OPPASSEN!! DATUM VERLUET!

Den Oekosoph mëscht seng Dieren net schonn wéi ugekënnegt de 6. Mee op, an d’Ouverture ass net den 13. Mee mee de 5. Juni.

Et muss nach e bësschen ugestrach a Frigidäre beikaaft ginn…

Merci fir Ärt Versteesdemech.

De Freiden, 5. Juni ass et esou wäit: de neie Bistro vum Mouvement Ecologique, den Oekosoph mëscht seng Dieren op!

Ab dem 5. Juni wäert eng Equipe vun éierenamtlech engagéierte Leit vum Mouvement Ecologique Iech all Mëttwoch a Freiden vu 15.00 – 23.00 zerwéieren.

Gebuede gëtt: e flotte Kader, mat Terrass – vun Zäit zu Zäit Veranstaltungen (Musek, Cabaret, Kachowender…) – mat engem Fokus op Gesellschaftsspiller Mëttwochs owes….

Kommt laanscht kucken a sot et weider!

De Freiden, de 5. Juni ass di «offiziell Ouverture» zu där Dir häerzlech ageluede sidd! 

Et gëtt e Patt a Fräibéier bis d’Faass eidel ass (Simon-Bio) an – nieft dem «offiziellen Deel» spontan musikalesch a kënschtleresch Intermezzo’en.