• Print Friendly


Zweeten vegetareschen Kachcours fir d’Feierdeeg

Vierwetzesch op di vill verschidde Goût‘en vum vegetareschen Iessen oder Loscht d’Feierdeeg kulinaresch emol aneschders ze verbrengen?

Well den Mouvement Ecologique esou vill Umeldungen fir den éischte Kachcours krut, hun mir gleich een zweeten am Virfeld vun den Feierdeeg organiséiert.

Och hei gi gutt an attraktiv Rezepter no "ovo-lacto-vegetareschen" a "vegan" Kriterien zesummen zoubereed an d’Prinzipie vun der Vollwäert -, Vegetareschen- a Vegan-Kichen erkläert.

Esou gesäit een, datt een och ouni Fleesch a Fësch gesond, gutt an ofwiesslungsräich kachen a genéisse kann.

Selbstverständlech gëtt mat Liewensmëttelen aus biologeschem Ubau gekacht.

Ofgehale gëtt de Kachcours vum Lydie Muller-Philippy, Autorin vun de Kachbicher "Natierlech genéissen".

Programm:

Un dräi Owender gi verschidde Menüe gekacht vum Fingerfood, Entrée an Zopp bis hin zu Haaptplat an Dessert.

D’Leit, déi um Kachcours deelhuelen, präparéieren a kache selwer, duerno gëtt zesumme geschmaacht.

Wéini a wou:

Jeeweils Donneschdes, den 28.11. – 5.12. – 12.12.2013

an der "cuisine pédagogique" vum Lycée Technique Bonnevoie, 119, rue du cimetière,

L-1338 Luxembourg vun 18.00 bis 21.00 Auer.

Präiss:

De Präis (3 Owender plus Dossier mat Rezepter) ass 80 € fir Membere vum Mouvement Ecologique an 90 € fir Net-Memberen.

Iwwerweisung vun der Participatioun op den Kont LU98 1111 0021 2285 0000 (Meco, Philippy L.) mat der Mentioun "vegetaresche Kachcours 2, Bouneweg".

Umeldung:

Per Tel. 43 90 30-1 oder per e-mail: meco@oeko.lu

Mellt iech w.e.g. mat Zäiten un, well et gi maximal 20 Leit ugeholl, déi éischt si fir.

Umeldung spéitstens bis den 20.11.2013.