Umweltpolitik
  • Print Friendly


Wéi eng Entwécklung fir de Fluchhafen? Ureegunge vum Mouvement Ecologique am Virfeld vun der Debatt an der Chamberkommissioun

Dësen Donneschden, den 16. Mee ass an der zoustänneger Chamberkommissioun en Austausch zum Fluchhafen.

Säit Joere scho fuerdert de Mouvement Ecologique, datt d’Regierung Entwecklungszenarien fir de Fluchhafen op den Dësch leed, wéi dat iwregens och gemäss EU-Direktive verlangt gëtt. Des Strategie läit nach emmer net um Dësch, parallel klammen awer d’Flugbewegungen an engem ganz groussen Ausmoos.

De Mouvement Ecologique adresséiert duefir am Virfeld vun der Sëtzung nach eng Kéier seng Furderungen un d’Regierung an déi zoustänneg Chamberkommissioun.

Dir fannt den aktuellen Pressecommuniqué an den Downloads.