Umweltpolitik
  • Print Friendly


Wéi e Waasserpräis zu Lëtzebuerg ?

Download(s)

De Mouvement Ecologique invitéiert all Member häerzlech op en Diskussiounsowend e Mëttwoch, den 23. Januar ëm 17.30 am OekoZenter Lëtzebuerg.

Ënner anerem och opgrond vun enger EU-Direktiv muss de Waasserpräis zu Lëtzebuerg anescht gestallt ginn : Stéchwierder si Käschtewourecht, Verursaacherprinzip asw. De Gesetzesprojet dee vun der Regierung virläit, mécht zwar allgemeng Aussoen zum Thema, ma regelt awer net d’Grondfro wéi de Präis genee soll festgeluegt ginn.

An deem Kontext stelle sech dës a ganz vill aner Froen déi a Präsenz vum Dr. Ewringmann vum
« Finanzwissenschaftlichen Forschungsinstitut an der Universität zu Köln » diskutéiert gin:

  • Wéi gëtt Käschtewourecht am Beräich vum Waasserpräis définéiert ? Wéi berechent ?
  • Awéifern kann a soll sozialen Aspekter Rechnung gedroe ginn ?
  • Ass eng Staffelung vun engem Waasserpräis sënnvoll a méiglech?
  • Kann eng Erhéijung vum Waasserpräis e Beitrag fir d’Waasserspuere leeschten ?

Den Dr. Ewringmann mécht e Grondsazpabéier fir de Mouvement Ecologique an deem Beräich. Op dësem Diskussiounsowend wäert awer net direkt eng färdeg Analys virgestallt gi mee et gi grondsätzlech Froen opgeworf an diskutéiert déi fir eng Positioun vum Mouvement Ecologique vu Bedeitung sinn. Den Owend ass ze verstoen als Meenungsbildungsprozess zum Thema bannent dem Mouvement Ecologique.