Naturschutz Land- und Forstwirtschaft
  • Print Friendly


Webinar: Eis Stied an Dierfer fit fir d’Klimaverännerunge maachen! Duerchgréngung an Entsigelung géint Hëtztinselen an Iwwerschwemmungen

Download(s)

Den Oekozenter Pafendall an de Mouvement Ecologique, an Zesummenaarbecht mam Klima-Bündnis Lëtzebuerg, lueden Iech härzlech a, fir den Online-Seminaire:

 

Eis Stied an Dierfer fit fir d’Klimaverännerunge maachen!

Duerchgréngung an Entsigelung géint Hëtztinselen an Iwwerschwemmungen

 

Wéini: Méinden, de 24. Abrëll vu 17.00 – 19.00 Auer

 

D‘Silke Schlegelmilch (Stadtplanungsamt, Grünordnungsplanerin) an d‘Verena Hilgers (Klimaanpassungsmanagerin) stellen um Beispiel vun der Stad Freiburg im

Breisgau d‘Konzept vun enger Klimaanpassungsstrategie, ganz praxisorientéiert fir.

De Lien zu Lëtzebuerg mecht de Lex Faber (Vertrieder vun der Cellule nationale d’Information pour la Politique Urbaine, CIPU) an de Bruno Barboni (Responsabel vum service « Pactes avec les communes » bei der Klima-Agence). No de kuerze Virträg, ass een Austausch mat de Participanten an ënnert anerem och Vertieder vu Gemengen, déi an diem Kader amgaage sinn Erfahrungen ze sammelen, virgesinn.

De Webinaire riicht sech u Gemengepolitiker:innen, Gemengenservicer a -syndikater, Membere vun berodende Kommissiounen, Ministèrien a Verwaltungen,

Planungsbüroen an interesséiert Bierger:innen.

 

All weider Informatioune fannt Dir an der Invitatioun am Unhang.

Fir un der Online-Veranstaltung deel ze huelen, ass eng Umeldung iwwer E-Mail un inscription@meco.lu oder iwwer Telefon 439030-1 erfuerderlech.

 

D’Participante kënnen een Zertifikat fir dëse Seminaire ausgestallt kréien.

 

An der Invitatioun am Downloadberaich, fannt Dir all weider Informatiounen. Dës Invitatioun ka gäre weider gedeelt ginn.

D’Veranstaltung ass op däitsch mä kann op Wonsch simultan op franséisch iwwersat ginn.

03.04.23