Energie – Klimaschutz
  • Print Friendly


Reaktioun op d’Bestriewunge vun der Gemeng Fëschbech, en neie Wandpark zu Miersch ze verhënneren

De Klimawandel ass net méi ze leegnen a verschlëmmert sech méi séier wéi mer geduecht hunn. Mir brauchen dofir dréngend erneierbar Energien, an zwar eng Vilfalt vun dezentralen Anlagen fir Sonn- a Wandenergie, grad hei zu Lëtzebuerg. Lëtzebuerg, als ee vun de räichste Länner aus der EU, ass absolut d‘Schlussliicht wat d’Produktioun vun erneierbarer Energie betrëfft.

Des Anlagen sollen natierlech och aus der Siicht vum Natur- a Landschaftsschutz vertrietbar sinn, mee eng Energieform, déi null Impakt op d’Ëmwelt huet, gëtt et net. Dobäi ass den Impakt vun der Sonn- an der Wandenergie vun allen Energieformen deen niddregsten.

Dofir wëlle mir d‘Argumenter géint de Wandpark zu Miersch, déi vun der Gemeng Fëschbech ugefouert ginn – ze vill ee klengen Undeel um Stroummix, problematesch Energiequell – net matdroen. Am Géigendeel, mir wëllen eis derfir asetzen, datt esou ee Wandpark wéi deen hei zu Miersch gebaut däerf ginn. A wann d‘Bedreiwer d‘Bierger wierklech systematesch mat abanne géifen, fanne mir et eng besonnesch ënnerstëtzenswäert Initiativ.

 

Regional Miersch an Ëmgéigend vum Mouvement Ecologique