• Print Friendly


Visitt um Lusshaff & Iessen an der Epicerie am Duerf – Gemeinschaftsgaart nom Permakultur-Prinzip, alternativ Wunnformen, Renaturéierung, lokalen Treffpunkt mat localer Versuergung

Wéini a Wou? Mëttwoch, den 19. Juli 2023 um 18h00 zu Schrondweiler

 

Op 3,5 Hektar geet et um Luusshaff, beim Tania a Gast zu Schrondweiler, virun allem em d’Gemeinschaft. Ob 27 Parzellen erhalen 62 aktive Memberen (dorënner 22 Kanner) ee Gemeinschaftsgaart deen, nom Prinzip vun der Permakultur bewirtschaft gëtt. Zesummen Zäit verbréngen, sech géigesäiteg ënnerstëtzen a Wëssen Austauschen, sinn d’Prioritéite vun dësem Projet. Esou sinn um Haff och e.a. Wunnengen entstanen, déi de Matenee fërderen. Nieft dem Geméisbau am Respekt mat der Natur, goufen e.a. och naturno Weieren ugeluecht an eng Baach renaturéiert.

 

Op enger Visitt vun ca. 2 Stonne weist de Gast Reckinger, Präsident vun der Lusshaff asbl., eis wéi um Lusshaff eng lieweg Gemeinschaft entstanen ass, déi dat lokalt Liewe positiv beaflosst.

 

Am Uschloss trëppele mir e puer Meter weider an d’Epicerie am Duerf. An der Epicerie gi regional Produiten ugebueden, ee Mëttes-Menü gekacht an d’Leit aus dem Duerf begéinen sech an tauschen sech aus. Säit kuerzem gëtt d’Epicerie vun enger Cooperative geréiert. Fir eis maachen si hier Dieren extra Owes op, a bidden eis nieft engem Austausch iwwert regional Versuergung ee Menü aus regional a saisonale Produiten un.

 

Wann Dir bei dëser Visitt wëllt dobäi sinn, eppes iwwert alternativ Wunnformen, Gemeinschaftsgäert, naturno Gäertneren, a.v.m. gewuer wëllt ginn, oder eventuell och no Inspiratioun fir är Gemeng sicht. Da maacht eis eng Email op inscription@meco.lu.

 

Fir :

  • D‘Visitt vum Lusshaff (ouni Onkäschtebäitrag)
  • D‘Visitt vum Lusshaff & Austausch an Iessen an der Epicerie am Duerf (38€/Persoun)
  • Austausch an Iessen an der Epicerie am Duerf (géint 20h00; 38€/Persoun)

 

All weider Informatioune kritt Dir no der Umeldung. D’Unzuel vun de Participanten ass begrenzt.

 

 

07.07.23