• Print Friendly


Visite vum gréissten Orchideenschutzgebitt an Europa, der «Arnescht» zu Ueweraanven

Download(s)

D’Arnescht an der Gemeng Nidderaanwen ass déi gréissten europäesch Réserve Naturelle wat d’Artevielfalt vun den Orchideen ugeet. 26 verschidden Orchideenzorten bléien hei wei beispillsweis Helm-Knabenkraut, Brand-Knabenkraut, rosa und weisses Waldvöglein, Fliegenragwurz, Bienenragwurz, Hummelragwurz, Pyramdine-Orchis, geflecktes Knabenkraut, Kuckucksorchidee an nach vill méi. Dësweideren ass ob der Arnescht ee spezielle Mikroklima wou och Enzianarten bléien an vill Planze wuessen, déi ob der rouder Lëscht stinn. Och déi nördlechst Kork-Eech steet ob der Arnescht.
D’Wanderung riicht sech un all Naturfrënn déi speziell och u rare Planzen an Insekten, u Päiperleken a Kiewerleken interesséiert sinn. Et ass ee Rondwée vun 5 km a just am Ufank an an der Mëtt geet et stramm biergop an des flott Aktivitéit ass och fir Kanner ganz interessant. D’Wanderung dauert ongeféier 90 Minutten a gëtt gefouert vum Fernand Schiltz.
Deemno: avis aux amateurs a vergiesst net, Iech de Wiederkonditiounen entspriechend unzedoen!