Video-Serie zum Naturnoe Geméisgaart – Spuert Iech de Spuet!

An der neier Video-Serie vum Mouvement Ecologique geet et ëm en naturnoe Geméisgaart – konkret ëm de Prinzip „No-Dig“, also ouni ze gruewen oder de Spuet ze benotzen. Dës Method schount de Buedem, erhéicht d’Buedemliewen an hëlleft dobäi, op natierlech Aart a Weis gesond a grouss Erträg ze kréien – ganz ouni cheemesch Hëllefsmëttel. Duerch d‘Erheichung vum Buedemliewen gëtt de Buedem mat der Zäit opgebaut a net just ofgebotzt, de Buedem ass méi gesond an d‘Planzen doduerch och.

 

An véier interessanten a detailléierte Videoen, déi duerch déi verschidde Saisone vum Joer leeden, deelen de Claude Petit an de Max Epstein vum Krautgaart hir Erfarunge mat Iech. Si weisen, wéi ee säi Geméisgaart nohalteg a praktesch bewirtschafte kann – och doheem am klenge Gaart.

 

D’Theme gi vun de Virdeeler vum No-Dig-Gaart, iwwert d‘Virzéien an d’Planung vun der Saison, bis zu Fleegetipps a konkreten Aarbechten, déi an de jeeweilegenr Zäite vum Joer ubruecht sinn. Dobäi gëtt et vill praktesch Rotschléi, wéi Dir ären eegenen ökologesche Geméisgaart mat wéineg Opwand an engem gesonde Gläichgewiicht mat der Natur ugoe kënnt.

 

Kuckt Iech d’Videoen un – gesidd wéi flott e Geméisgaart ass a loosst Iech inspiréieren!

 

Hei fannt Dir all Episode vum Projet „Naturnoe Geméisgaart – Spuert Iech de Spuet“:

 

Episod 1 – Hierscht

 

Episod 2 – Fréijoer

 

Episod 3 – Fréisummer

 

Episod 4 – Héichsummer

 

Sidd Der firwëtzeg ginn? Bis den 21.November kënnt Dir Iech nach fir de Cours zum Geméisubau an Zesummenaarbecht mam Krautgaart umelden, all Infoe fannt Der HEI