Veggie Table : Tomate-Bounenzalot mat gereechertem Tempeh (vegan)

Dës Woch presentéiert Iech d’Lydie Philippy eng Tomate-Bounenzalot mat gereechertem Tempeh.
- Tempeh ass eng vegan Proteinquell a besteet aus fermentéierte Sojabounen. Fir seng Hierstellung ginn d’Sojabounen als éischt gewäsch, agewiecht a gekacht. Duerno bewierken Edelschimmelpilzer d’Fermentatioun vun de Sojabounen. Heiansdo gi fir d’Produktioun och aner Bounenarten oder Käre benotzt. Duerch d’Fermentatioun huet de Konsum vun Tempeh eng positiv Wierkung op d’Daarmgesondheet an d’Immunsystem.
Dëst a vill aner Rezepter fannt Dir op: veggie-table.lu.
04.10.2024