Veggie Table: Pastinaken-Kalbasszopp mat frëschem Koriander
D’Rezept vun der Woch ass eng Zopp mat Pastinaken, Kalbass a frëschem Koriander.
Pastinake sënn e gesond typescht Wantergeméis wat een op déi verschiddenste Manéiere ka verschaffen. Entweder an enger Zopp, ugedënst mat e bësschen Ueleg oder andeems een se knuspreg am Schäffche baakt. Et kann een se och ënnert de Gromperepüree mëschen a well e méi séiss ass an no Nëss schmaacht, ass en bei de Kanner ganz beléift.
D’Pastinake kann ee bei dësem Rezept och duerch Péiterséilegwuerzelen ersetzen.
Dëst a vill anner Rezepter fannt dir op veggie-table.lu .
01.03.2024