Gesundheit – Ernährung
  • Print Friendly


Vegetaresche Kachcours fir vierwëtzeg op déi vill verschidde Goût‘en vun der vegetarescher a veganer Kichen ze maachen.

Gerichte Veggie-Table_20140901_104100 (12)Hei gi gutt an attraktiv Rezepter no „ovo-lacto-vegetareschen“, „lacto-vegetareschen“ a „veganen“ Kriterien zesummen zoubereed an d’Prinzipie vun der Vollwäert-, Vegetareschen- a Veganer-Kichen erkläert. Esou gesäit een, datt een och ouni Fleesch a Fësch gesond, gutt an ofwiesslungsräich kachen a genéisse kann. Selbstverständlech gëtt mat Liewensmëttelen aus biologeschem Ubau gekacht.

Ofgehale gëtt de Kachcours vum Lydie Philippy, Autorin vun de Kachbicher «Natierlech genéissen» a Bloggerin vum „veggietable.lu“.

Programm:

U véier Owender gi verschidde Menüe gekacht vum Fingerfood, Entrée an Zopp bis hin zu Haaptplat an Dessert.

D’Leit, déi um Kachcours deelhuelen, präparéieren a kache selwer, duerno gëtt zesumme geschmaacht.

Wéini a wou:

Jeeweils Méindes, den 2. / 9. / 23. a 30. Mee 2016 an der Kichen vum Oekozenter Pafendall, 6, rue Vauban, L-2663 Luxembourg vun 18.00 bis 21.30 Auer.

Präis:

De Präis (4 Owender plus Dossier mat Rezepter) ass 110.-Euro fir Membere vum Mouvement Ecologique an 120.- Euro fir Net-Memberen. Iwwerweisung vun der Participatioun op ee vun de Konten vum Mouvement Ecologique: BCEE LU20 0019 1300 1122 4000 oder CCP LU16 1111 0392 1729 0000 mat der Mentioun „vegetaresche Kachcours, Oekozenter Pafendall“.

Umeldung:

Per Tel. 43 90 30-1 oder per e-mail: meco@oeko.lu

Mëllt Iech w.e.g. mat Zäiten un, wëll et gi maximal 15 Leit ugeholl, déi éischt si fir.

Umeldung spéitstens bis den 28. Abrëll 2016.