• Print Friendly


United for Climate Justice: Grousse Klimamarsch an der Stad!

D’Plattform Votum Klima, an där de Mouvement Ecologique och aktiv ass, rifft gemeinsam mat villen aneren Partner op fir de 27. September um nationale Klimamarsch deelzehuelen. Hei fannt Dir den offiziellen Text vun der Veranstaltung:
 

An de lëschte Méint hunn vill Aktioune gréisstendeels vu Jonken zur Klimakriis statt fonnt, ëmmer méi extrem Wierderevenementer wéi staark Hëtzeperioden, staark Stierm an Iwerflutunge sinn och zu Lëtzebuerg opgetrueden. Et ass Zäit dass mer all zesumme komme fir eng vun de gréissten internationale Klimaaktiounen déi et jee ginn ass.

Wärend der weltwäiter „Week for Future“ vum den 20. bis 27. September wäerten international koordinéiert Aktiounen sou wéi grouss Mobilisatioune stattfannen. Jonk Aktivist*innen, Klimaaktivist*innen, ONG’en a Gewerkschaften hunn sech zesummegedoe vir de 27. September och zu Lëtzebuerg eng massiv Klimamobiliséierung an d’Liewen ze ruffen.

Et mussen elo sozial gerecht Mesurë geholl gi vir d’Klimakriis ze stoppen. Wann mer Klimagerechtegkeet soen, schwätze mer vu Gerechtegkeet tëscht globalem Norden a Süden, tëschent de verschidde Generatiounen, tëscht räich an aarm. All déi bestoend Ongläichheete ginn duerch d Klimakriis nach weider verschlëmmert, et ass noutwendeg se zesummen ze bedenken an ze bekämpfen.

Ops du Aarbechter*in, Ugestallten, Bauer*in, Student*in, Pensionéiert, Employeur*se, nei*en oder erfuerenen Aktivist*in, (Grouss-)Elteren, Kand oder Enkel*in bass, all eenzel Persoun gëtt gebraucht vir en nohaltege Wandel erbäizeféieren!

Mer ruffe JIDDEREEN deen sech ELO fir Klimagerechtegkeet asetze well dozou op mat eis de 27ten September um 15:00 an der Stad Lëtzebuerg op Strooss ze goen

De Facebook Event zum Klimamarche fannt Dir hei.

Hei fannt dir déi aktuell Fuerderungen vum Mouvement Ecologique zum Beräich Klima an Energie

  • Zentral ist und bleibt die Frage des Wirtschaftswachstums. Luxemburg hat eines der höchsten pro Kopf BIPs auf der Welt, erreicht als zweites Land weltweit bereits im Februar den „Overshootday“, hat eine der höchsten Pro-Kopf Emissionen an CO2… Es ist ein absoluter Trugschluss, weiterhin Wirtschaftswachstum auf Teufel komm raus förder zu wollen, dies mit allen bekannten negativen Auswirkungen. Es ist vielmehr eine Illusion zu glauben, eine Entkoppelung des Anstiegs der Treibhausgasemissionen unseres Landes vom Wirtschaftswachstum wäre möglich. Der Respekt des Pariser Klimaabkommens ist mit einem gesteigerten Wachstum nicht möglich!
  • Die Klimapolitik muss in die Verfassung verankert werden, und kurzfristig muss ein Klima-schutzgesetz mit Zielen sowie verbindlichen Verpflichtungen und Vorgaben für die verschiedenen sektoriellen Politikbereiche verabschiedet werden.
  • Es ist essentiel, dass die Regierung umgehend den „Energie- und Klimaschutz-Aktionsplan“ mit klaren Prioritäten und Zielen und Instrumenten verabschiedet. Es muss verhindert werden, dass der Plan sich auf ein Sammelsurium von zahlreichen freiwilligen Maßnahmen reduziert: Es bedarf klarer politischer Prioritäten und präziser Instrumente, um eine effektive Umsetzung durch die nötigen Akteure in einem den Herausforderungen angemessenen Zeitrahmen zu gewährleisten.
  • Darüber hinaus ist es unerlässlich, eine nachhaltige Steuerreform umzusetzen, die soziale Aspekte berücksichtigt. Eine Besteuerung der CO2-Emissionen ist dabei unabdingbar, wobei es ebenfalls CO2-Aspekte zu berücksichtigen gilt: Ökologie und Soziales sind zwei Seiten ein und derselben Medaille.
  • Eine Debatte über die grundlegenderen Reformen in unserer Gesellschaft ist notwendig um die Herausforderung aufgreifen zu können: Der Klimaschutz bedarf einer grundlegenden Systemveränderung, insbesondere in der Landwirtschaft, unserer Lebensweise, dem Wirtschaftsmodell usw.

 

Vu véier Plazen aus geet et op d’Place Clairefontaine (siehe Plang), fir déi Leit déi beim Mouvement Ecologique wëlle matgoen :

Treffpunkt

15:00  place A. Laurent, beim LGL

Programm vun der Marsch

15:15 Start vun der Marsch (Limpertsberg, Victor Hugo / LGL)

16:30 Arrivée op der Place Clairefontaine

17:00 Rieden an Animatioun

20:00 Schluss