Table Ronde: Gudden Appetit, och no 2013? Perspektive fir eng nohalteg Agrarpolitik
Op der Kaart: D’Weiche vun der Agrarpolitik ginn zu Bréissel gestallt, mais och hei heem ginn et genuch Hausaufgaben. Eng ëkonomesch existenzfäheg mëttelstänneg a baierlech Landwirtschaft; e méi héigen Undeel u Liewensmëttelen, déi lokal a regional produzéiert a vermaart ginn; Erhéijung vum Biolandbau; eng kohärent Politik fir de Verbraucher gesond a schuedstoffarm Liéwensmëttelen unzebidden, d’Landwirtschaft an eng ausgewoën Naturschutz-, Landesplanungs- a Wirtschaftspolitik anzebannen.
Um Menü: Fir net op ze vill Felder ze plouen, konzentréiere mer ons op zwee wesentlech Themaen: d’Zieler vun enger ökonomesch an ekologesch nohalteger Produktioun vu Liéwesmëttelen zu Lëtzebuerg an d’Promotioun vun enger seriöser Liéwensmëttelsécherheet, déi de Konsument wéi den Produzent schützt.
Wéi eng Partei wiélt wéi e Menü – d’VertriederInne vun de Parteie sinn:
• Déi Lénk: Claude Schiltz
• ADR: Roby Mehlen
• KPL: Jean-Marie Jacoby
• DP: Marco Koeune
• Piratepartei: Marc Goergen
• Déi Gréng: Henri Kox
• LSAP: Roger Negri
• CSV: Martine Hansen
• PID: Jean-Paul Rosen
Den Zougang zu der Table ronde ass gratis an ouni Umellung mee no der Table Ronde gëtt et e klénge Buffet mat regionale Produiten, déi Slow Food mam Haustraiteur Steffen ausgewielt huet. Reservéierung fir de Buffet no der Table ronde obligatoresch durch Iwwerweisung vum Onkäschtebeitrag vun 10 € op de Kont BCEE no. IBAN LU02 0019 2755 2836 5000 vum CarréRotondes mat dem Vermierk «9. Oktober», bis spéitstens Méinden 7. Oktober 2013.