• Print Friendly


Rifkin-Etude: Wéi eng Mobilitéit fir muer?

Méindes, den 8. Mee vun 18.15 – 20.00 am Oekozenter Pafendall 6, rue Vauban, Lëtzebuerg

D’Rifkin-Etude (3rd Industrial Revolution) suergt fir vill Diskussiounen a wäert sécherlech och prägend sinn fir d’Zukunft vun eisem Land.

Allerdéngs: net jidderengem sinn d’Detailer vun der Etude bekannt…. Dat englescht Basis-Dokument vu 400 Säiten ass net grad esou einfach ze liesen.

Duerfir huet de Mouvement Ecologique eng Serie vun 3 Owender ronderëm den Thema organiséiert (Infoen zu den 2 éischte Veranstaltunge zum Thema “Energie” an “Liewesmëttel / Landwirtschaft” fannt Dir op www.meco.lu).

Déi läscht Veranstaltung dréit ëm den Thema “Mobilitéit”

Referente sinn: Marie Sauvignon (IMS) – Henk van Tuyl (Goodyear) – Gilles Caspar (Nohaltegkeetsministère) 

D’Informatiounsveranstaltung ass esou opgebaut, datt d’Referenten d’Resultater vun der Rifkin-Etude virstellen. Dono ass genuch Zäit fir Froen an Diskussioun.