Oppen Atelieren
Dir sicht en Atelier wou Dir selwer kënnt kreativ sinn? Eng Persoun mat deem Dir Iech iwwert e Projet vun Iech austausche kënnt? Oder Iech feelt et un enger Maschinn an et ergëtt kee Sënn se nei ze kafen? Dann ass en oppenen Atelier vläicht genau dat richtegt fir Iech!
Eng Plaz fir sech ze begéinen, auszetauschen, ze wierkelen an och nach Ressourcen ze spueren. Zu Lëtzebuerg ginn et e puer kollaborativ Atelieren déi jeeweils verschidde Schwéierpunkter hunn, Veranstaltungen organiséieren, Geschier a Wëssen zur Dispositioun stellen asw… Gitt eng Kéier bis laanscht!
Op www.meco.lu/fixit an www.oekozenter.lu/fixit fannt Dir eng Lëscht vun sou Initiativen. Hunn mir éieren eng an der Lëscht vergiess? Dann deelt eis dat mat!
Hei fannt Dir d’Lëscht vun den oppenen Atelier’en. Am beschten informéiert Dir Iech am Virfeld iwwert déi jeeweils Philosophien a Konditioune vun den Atelier’en:
- CoLab
- Cyber’n’Ethique
- Base1 (fir Jonker < 30 Joer)
- Vewa
- Ferroforum