OPGEPASST MÄHROBOTER: Déidlech Gefor fir Igel an aner Déieren!
Mähroboter verletzen Déiere liewensgeféierlech. Besonnesch Igelen si betraff, well si dacks net virum Roboter fortlafen, mee sech zesummerullen.
Igelen si nuets ënnerwee, benotzt dofir kee Mähroboter an, wann dach, da schalt en nëmmen daagsiwwer an a benotzt e gezielt nëmmen op Flächen, déi reegelméisseg genotzt ginn.
Loosst gezielt an e puer Ecker d’Natur sech selwer iwwerlooss a mät hei just 1–2 Mol d’Joer. D’Insektenwelt, d’Igelen an aner kleng Déiere wäerten Iech Merci soen!
Wann dës Ecker och nach sonneg sinn, kënnen och heemesch Wëllkräider ugesat ginn, zum Beispill mat de Mëschunge vun „Wëllplanzesom Lëtzebuerg“. Doduerch erhéicht Dir de Wäert vun dëse Beräicher fir d’Déieren- a Planzewelt ëm e Villfaches.





