Op Besuch an den Aansebuerger Geméisgäert

D‘Regional Miersch an Ëmgéigend invitéiert op eng Visitt
Samschdes nomëttes, den 21. Juni 2025
Nieft dem herrlechen historesche Schlassgaart un der Äisch, gëtt et hei och nach grouss Geméisgäert ze besichen. Net nëmme fir z’iessen, mee dëst Geméis déngt och nach der Weidervermehrung an dem Erhalt vun ale regionale a bio-zertifizéierte Som-Zorten, déi et esou guer net méi am Handel ze kréie gëtt.
Ëm dëse Projet këmmert sech de Geméisgäertner Frank Adams mat der Vereenegung
SEED – Som fir d’Erhalen an d’ Entwécklung vun der Diversitéit
De Frank Adams, och nach Proff an der Akerbauschoul, féiert eis duerch seng Gäert, Zären an Arbechtsräim fir eis iwwert déi ganz Thematik ronderëm d’Geseems opzeklären, eis mat senger Begeeschterung a sengem Fachwësse fir d’Benotzen an d‘Produktioun vun eegenem Geseems unzestiechen an natierlech vun den Avantagë vun ugepasstem Geseems par Rapport zu Allerwelts-“Saatgut” aus dem Handel z’iwwerzeegen.
Mellt Iech w.e.g. onbedéngt un iwwer Mail op regionalmiersch@meco.lu bis spéitstens Mëttwochs, den 18. Juni 2025. Et kënne maximal 30 Leit matgoen. No der Umeldung kritt dir weider Detailer matgedeelt.
Bis dohinner kënnt Dir Iech och schonn Seed-Geseems am Mierscher Lieshaus besuergen oder op anere Plazen am Land.