• Print Friendly


Oekofest – Save the date !

Download(s)

Haalt Iech elo schonn de Freiden, den 23. September fräi fir d’Oekofest am Pafendall. Um 15.00 Auer geet et lass mat der offizieller “Ouverture”, mat Riede vum Energie- a Landesplanungsminister Claude  Turmes an dem Blanche Weber. Mëttes an Owes ass fir e flotte Programm ronderëm den Oekozenter Pafendall an am Sang a Klang gesuergt: Concerten; Liesung mam Tom Hillenbrand; Visitten; Optrëtt fir Kanner a guddem veganem, vegetareschem Iessen an awer och leckerem Gegrilltem. Am Virdergrond soll awer virun allem och dat gemittlecht Zesummesinn stoen. Weider Detailer kritt Dir Enn August.