Neien Aarbechtsgrupp – Maacht mat!

Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass besser wéi säi Ruff. A kaum anere (ländleche) Regiounen an Europa fënnt een esou ee Service. Der Däiwel stécht allerdéngs am Detail: Vill Verspéidunge, schlecht Koordinatioun, schwaach Handhabung vu Reklamatiounen, onattraktiv Pôle d‘Echangen (PE) asw.

 

An engem neie Groupe de travail (GT) geet et drëm fir konstruktiv Virschléi zur Verbesserung vun der nohalteger Mobilitéit ze maachen:

• Ëffentlechen Transport (Bus, Zuch, Tram, Funiculaire)
• Ëmklammen am ëffentlechen Transport oder vum Vëlo
• Garen, Bushaltestellen a pôles d‘échange
• Zu Fouss goen

 

All Member vum Mouvement Ecologique ass wëllkomm. Et gëtt 3 Kategorie vu Matschaffen:
1. just Iddien a Suggestiounen erareechen;
2. op eenzelne Punkten oder eenzel Thematike wëllen involvéiert ginn;
3. am enke Krees un allen Theme wëlle matschaffen.

 

Suggestiounen a konstruktiv Virschléi gi gesammelt a klasséiert. Den enke Grupp decidéiert, wéi eng Thematik verdéift gëtt. Da geet et drëm fir en eventuelle Systemfeeler ze entlarven, net fir just eenzel Reklamatioune virunzeleeden. Wann et opportun ass, da gëtt eng Entrevue bei Verantwortleche gefrot. Wann et sënnvoll ass, da gi Fuerderungen un d‘Politik formuléiert, déi dann un de Verwaltungsrot vum Méco geleet ginn.

 

Hutt Dir Loscht matzeschaffen un der Verbesserung vum ëffentlechen Transport?
All Member ass wëllkomm.
Schreift eis per Email op laure.simon@meco.lu op Dir Loscht hutt derbäi ze sinn (wann et geet sot och schonn ob Dir um Modell 1, 2, oder 3 wëllt matschaffen). Mir organiséieren dann eng Reunioun op engem Datum, wou et de meeschte Leit passt déi Interessi hunn. Bréngt Är Iddie mat oder alles wat Iech stéiert um ëffentlechen Transport, dem Ëmklammen an dem Zoufoussgoen.