• Print Friendly


… nei Weeër am Oekosoph

Als Member wësst Dir Bescheed: Den Oekosoph huet zënter kuerzem e professionelle Kach an ass méi oft op. D’Raimlechkeeten sinn och méi flott gemaach ginn, an d’Terrass war nach ëmmer immens attraktiv! Fir datt Dir de néie Kach kenne léiere kënnt, hu mir him e puer Froe gestallt….

Lou Steichen, firwat kommt Dir grad an den Oekosoph? Wéi ass dee Choix ze erklären?

Wéi den Oekozenter gebaut gouf an e Bistro dra komme sollt, hätt et mech schonns deemools interesséiert an d’Stad ze kommen. Nodeems ech elo mäi Bail zu Angelduerf vum “Äppel a Biren” net méi verlängere konnt, hunn ech mech missen no eppes Neies ëmkucken. An do koum mir dës Geleeënheet grad giedlech.

Wat ass d’Grondphilosophie vun Ärer Brasserie? Ärer Leidenschaft um Kachen?

Ech versichen dat, wat ech zu Angelduerf gelieft hunn, lues a lues och hei an der Stad ëmzesetzen. Ech hu probéiert no folgender Philosophie ze schaffen: bio a regional, Slowfood, from nose to tail. Elo ass awer mol Summerzäit mat eiser Terrassekaart a fir de Wanter iwwerleeën ech mir nach e puer Saachen

Läit Iech awer och vegetaresch a vegan kachen? Als leidenschaftleche Vertrieder vu “nose to tail” ass dat jo net esou üblech, oder?

Éischtens ass et esou, datt meng Fra schonns zënter laangem vegetaresch ësst an ech och doheem de Kach sinn. Zweetens huet och e Geméis e Kapp an e Schwanz. Ech kache genau esou gäre mat ewéi ouni Fleesch. A wann e Rezept och vegan ze kachen ass; nach besser. Nom Motto: wëll – vegetaresch – vegan

Dir loosst och nach Kachcoursen zou am Oekosoph an och déi éierenamtlech Equipe vum Mouvement Ecologique extra Veranstaltunge resp. de Bistro Mëttwochs owes féieren. Dat ass awer onüblech fir e Kach, oder?

Schonns, mee et arrangéiert mech och. Ech hu 5 kleng Kanner doheem a meng Fra an ech deelen eis d’Erzéiung vun de Kanner gläichméisseg op. Ech hunn och grousst Versteesdemech, datt d’Equipe vu Volontairen, déi bis ewell esou gutt zesumme geschafft an den Oekosoph opgebaut hunn, wëll zesumme bleiwen a fanne flott wa weider Veranstaltunge sinn.

 

Kommt laanscht an déi besonnesch gemittlech Brasserie mat der aussergeweinlecher Terrasss.