Nachhaltige Entwicklung
  • Print Friendly


moveapproved.lu – The guide to change

Nom Launch vu moveapproved.lu am Abrëll 2021 gouf elo zesumme mam Escher Jugendhaus d‘Stad Esch virgestallt. Den éischte Lëtzebuerger Onlineguide mat Adressen déi ee starken Fokus op Nohaltegkeet leeën, präsentéiert Iech d’Minett-Metropol an de Kategorien: Food&Drink, Activism, Culture, Free Time a Fashion.

 



moveapproved.lu
ass eng néi digital Oplag vum alternative Stadplang fir Jonker, dee move., déi Jonk am Mouvement Ecolgique virun 3 Joer erausbruecht huet. D’Ziler vum Guide hunn sech net geännert an dofir läit de Fokus weiderhin drop Adresse siichtbar ze maachen, déi aus der Siicht vun de Jonken a Punkto Nohaltegkeet (ekologesch a sozial) ee Virbild sinn. Dëst un Hand vu kuerze, flotten Artikelen, déi dank Foto an Adresseverlinkung och all néideg Informatioune liwweren.

 

Mat Fashion Revolution Luxembourg fir d’Kategorie Fashion bedeelegt sech ee staarke Partner mat vill Expertise um Projet, deen dës Kategorie eegestänneg betreit.

Fir all 5 Kategorien huet move. sech Richtlinne ginn, déi och ganz transparent um Site selwer kennen nogelies ginn. Dës Richtlinne sinn d’Basis vir d’Diskussioun an de Versammlungen wou move. entscheet, wéi eng Adresse schlussendlech op moveapproved.lu wäerte kommen. Moveapproved huet net den Usproch datt d’Adressen perfekt sinn an 100% der Idealvirstellung aus ökologeschen a soziale Krittären entspriechen. Et gëllt déi Adressen ze würdegen, déi ee signifikanten Effort fir d’Nohaltegkeet maachen an op hier Aart a Wéis ee Virbild sinn.

Beim Release vum Site fënnt all Interesséierten insgesamt 30 Adressen an der Stad. move. Plangt reegelméisseg Updates, bei deenen ëmmer eng bestëmmten Uertschaft/Regioun oder ee bestëmmten Thema am Fokus steet. Bei den themateschen Updatë wëll move. ee besonnesche Fokus op Theme leeën op deene move. am Moment schafft, duerfir ass z.B. scho konkret ugeduecht een Update zur solidarescher Landwirtschaft zu Lëtzebuerg ze maachen.

Mee och de Feedback vu baussen ass wichteg fir de Site spéiderhi weider ze entwéckelen, dofir ass dëst och een Opruff fir Adressen déi kéinten op de Site passen an de Krittären entsprieche via move@meco.lu ze mëllen.

De Projet moveapproved bléift och weiderhin virun allem ee Projet vu Jonke fir Jonker a mat der Zweesproochegkeet (Lëtzebuergesch an Englesch) gëtt de Projet engem gréissere Publik zougänglech gemaach.