move. Summercamp 2019
Du hues Loscht op e relaxe Weekend mat vill Natur, Workshops, en Austausch mat jonke Baueren op hiren Häff, a ganz niewebäi och nach gemittlech Owender beim Lagerfeier mat interessanten neie Leit? De move. Summercamp ass fir jiddereen deen zesumme mat anere Jonken eppes beweege well. Mir wäerten och iwwer aktuell Themen diskutéieren, zesumme kachen a flott Aktivitéiten dobaussen ënnerhuelen.
Programm:
Freides – 13.Sept.
Ab 15h: Ukommen a kenneléieren
17h30h: Austausch Jonk Baueren
20h00: Kachen um Lagerfeier
Samschdes – 14.Sept.
9h – 10h: Waakreg ginn a Moiesiessen
10h – 12h: Visitt Bauerenhaff – an Austausch – 12h-14h: Zesumme kachen ass einfach emol nice!
14h – 18h : Grouss Aktivitéit an der Natur zum Thema Déiereschutz, Juegd a Bësch
19h – 21h: Grillen emol anescht!
21h30: Owesaktivitéit
Sonndes – 15.Sept.
9h – 10h: Waakreg ginn a Moiesiessen
10h – 12h: Visitt Bio-Bauerenhaff – an Austausch
12h – 13h : Mëttesiessen
13h-17h : Schwammen, Kayak an Ofschloss
Dëse Weekend fënnt am Chalet Misärshaff statt. Et fuere reegelméisseg Busser dohin: www.mobilitéit.lu . Mir organiséieren awer en Transport vun der Staat an Ettelbréck aus – Freides dohin a Sonndes zeréck. https://www.misaershaff.lu/
Mell dech an deng Kollege gratis un op www.move.meco.lu oder iwwer move@oeko.lu.
Du hues nach Froen? Zéck net a mell dech beim Cédric iwwer move@meco.lu oder ruff him un um Tel: 43 90 30 – 33 (ab 3. September erëm um Büro)