• Print Friendly


move. Fest am Pafendall war ee grousse Succès

Den 22. Abrëll war am Oekozenter rëm eng méi lass! Fir d’move. Fest hunn sech vill Jonker a manner Jonker am Pafendall getraff fir zesummen eng gutt Zäit ze verbréngen a sech auszetauschen, dëst bei guddem Iessen a mat Musek vu coole Bands. Wéi gewinnt waren och eng Rei flott Aktivitéite geplangt, déi sech – wéi kéint et anescht si – ronderëm d‘Superwaljoer 2023 gedréint hunn. Mat de Schülerbands Lyra (Indie/Alternative) an Dystate (Art-Rock) a mat der lëtzebuergescher Reggae-Band Le Vibe war fir e matrappende musikalesche Programm gesuergt.

 

De move. huet sech immens iwwert déi vill Leit gefreet, déi trotz dem Reen laanscht komm sinn an esou dozou bäigedroen hunn, dass d’move. Fest nees en Erfolleg ginn ass.

Méi Fotoen vum Fest an de ganzen Bericht fannt dir um move.Site!