• Print Friendly


Memberforum „Rifkin-Analyse: dem Mouvement Ecologique säi Standpunkt»

Denschdes, den 20. Juni 2017 ëm 18.15 Auer am Oekozenter Pafendall, 6, rue Vauban, Lëtzeberg.

Wéi aner Acteuren, ass och de Mouvement Ecologique vum Wirtschaftsministère gefrot ginn, fir en Avis zu dem «Rifkin-Dokument» virzeleeën.

E.a. och an deem Kader hate mäer als Mouvement Ecologique 3 Owender, wou d’Iwwerleeungen aus der Etüd vun den zoustännege Leit vun den Aarbechtsgruppen aus verschiddene fir eis besonnesch wichtege Beräicher virgestallt gi sinn. D’Theme vun den Owender waren: Energie – Landwirtschaft a Mobilitéit.

Am Ablack schafft de Mouvement Ecologique u senger genereller Positioun.

Mir lueden Iech häerzlech an, un engem Memberforum deelzehuelen, wou den Entworf vun dësem Avis diskutéiert gëtt. Gäre kënnt Dir Iech abréngen, och wann Dir keng Méiglechkeet haat op engem vun den aneren Owender deelzehuelen. Grondfroe si jo: ass de Rifkin e Schrack an déi richteg Richtung?