Naturschutz Land- und Forstwirtschaft
  • Print Friendly


Leet Iech eng flott Wiss aus Wëllplanzen un, mat Som aus der Regioun – elo ass di bescht Zäit fir se ze séinen

Elo ass déi richteg Zäit fir eng flott Wiss mat Wëllplanzen unzeleeën. Esou Wisen si besonnesch wichteg fir d’Insekten, si faarweg an unzeiend… an trotzen och der Dréchent. Déi Sommëschungen déi een an de Geschäfter kritt, sinn oft gutt gemengt, ma net grad esou sënnvoll. De „Wëllplanzesom Lëtzebuerg“ besteet aus eenheemeschen / regionalen Planzen, vun deenen d’Beien an d’Päiperleken ganz besonnesch profitéieren, well si sech iwwert Joerhonnerten uneneen ugepasst hunn. Avis aux amateurs.

 

„Lux-Blumenwiese“ am Juli & August 2022 (gouf am Mäerz 2020 ausgeséit)

 

D’Geseemsmëschunge fir Lëtzebuerg – mat heemesche Wëllplanzen aus regionalem Ubau – gouf vum Naturschutzsyndikat SICONA an dem Naturmusée, zesumme mat de Biologesche Statiounen a weidere Partner ausgeschafft. D’Zil ass et – mat Hëllef vu Lëtzebuerger Baueren – Som vun heemesche Wëllplanzenaarten ze produzéieren. An de verschiddenen Naturräim vu Lëtzebuerg gëtt heifir de Som als Ausgangsmaterial gesammelt. Dëse Som gëtt a Gäertnereien zu jonke Planzen opgezillt an op de Felder vun de Lëtzebuerger Geseemsproduzente biologesch ugebaut. Som vun deenen Aarten, déi nach net oder bis elo nëmmen a gerénge Quantitéiten zu Lëtzebuerg hiergestallt ginn, ginn ufanks nach vun ugrenzende Regioune aus Däitschland ergänzt.

 

Méi resistent géint Hëtzt an Dréchent

Wärend déi relativ kuerz geschnidde Wiss schwéier ënnert der Hëtzt an Dréchent vun dësem Summer gelidden huet, ass d’Wëllblummewiss – déi Ufank Juli nach kuerz geschnidde gouf – säfteg gréng, mat faarwege Bléien, déi de Beien a Päiperleke Pollen a Nektar bidden.

 

Am Juni/Juli kann een een Deel vun der Blummewiss mat der Séissel, Séchel, oder soss engem Outil deen d’Wiss ofschneit awer net hächselt, méinen fir dass se am August/September eng zweete Kéier bléid, an d’Beien an d’Päiperleken esou iwwert déi ganz Saison Pollen an Nektar fannen.

 

Geseemsmëschungen:

Zur Auswiel stinn aktuell dräi verschidde Mëschungen:

  • LUX – Blumenwiese. Dës Geseemsmëschung ass virun allem u frësch Standuerter, déi net ze vill Närstoffer opweisen, ugepasst. Präis: 100g; ca. 25m2: 12€ fir Membere vum Mouvement Ecologique; 14€ fir Net-Memberen.
  • LUX – Bunter Saum & Schmetterlingspflanzen. Dës Mëschung kann op sonnege Standuerter, z.B. laanscht ee Wee, geséint ginn, wou ee schnell vill Bléie wëll hunn. Präis: 100g; ca. 50m2: 10€ fir Membere vum Mouvement Ecologique; 12€ fir Net-Memberen.
  • LUX – Schotterrasen. D’Schotterrasen-Mëschung kann op ganzt moert Substrat – z. Split, Sand oder Kisel – mat just wéineg Humusoplag, geséint ginn. Präis: 100g; ca. 25m2: 11€ fir Membere vum Mouvement Ecologique; 13€ fir Net-Memberen.

 

D’Mëschungen ënnerscheeden sech haaptsächlech duerch d’Liewensdauer, d’Notzung, d’Fleeg an den Uwendungsberäich. Eng méi genau Beschreiwung vun de verschiddene Mëschunge fannt Dir op der Internet-Säit vu Rieger-Hofmann: www.rieger-hofmann.de/rieger-hofmann-shop/mischungen/mischungen-fuer-luxemburg/uebersicht.html

D‘Firma Rieger-Hofmann stellt de Som vum Feld zu de verschiddene Wëllplanzemëschunge fir Lëtzebuerg zesummen.

 

Wéi leeën ech eng Wëllblumewiss un?

Den Hierscht ass den idealen Zäitpunkt eng nei Blummewiss unzeleeën. Wichteg ass et, virum Ausséinen de Buedem richteg ze preparéieren. Am Beschte séint ee kuerz virun enger méi laanger Reeperiod aus. Reent et net, muss een all 2-3 Deeg nätzen, fir dass déi kleng Planzen ukommen an hier Wuerzelen entwéckele kënnen.

Wann een d’Bléiewiss am September/Oktober ausséint, kann de Som nach am Hierscht keimen. Déi kleng Planze kënnen hier Wuerzelen a Blieder schonn entwéckelen, formen ee gréngen Teppech um Buedem a si prett ze wuessen a Bléien ze maachen, soubal d’Fréijoer do ass.

 

 

Eng detailléiert Beschreiwung dozou wéi Dir eng nei Wëllblummewiss uleet, a wéi Dir se richteg fleegt, fannt Dir z.B. an der Broschür „Anlage von naturnahen Grünflächen im Siedlungsbereich – Ein Praxisratgeber für Gemeinden und Interessierte„. Dës Broschür kann zum Präis vun 2,5€ am Oekozenter Pafendall kaaft, oder gratis an der Oekobib ausgeléint ginn.

 

Wëllplanzesom bestellen

Bestelle kënnt Dir d’Geseemsmëschunge per E-Mail un : natur@oeko.lu. Präis vum Versand: < 500g: 2€ ; bis 2kg: 4€). Dir kritt se dann mat der Rechnung zougeschéckt oder Dir kommt se wärend den Effnungszäiten an d‘Sekretariat vum Oekozenter sichen: Méi & Fr:  tëscht 9 an 12Auer; Dën, Mët & Do vun 9-12 a vu 14-16 Auer.

 

D’Uleeë vun aarteräiche Blummewisen hëlleft an der Biodiversitéits-Kris d‘Vilfalt vun eisen Insektenaarten ze ënnerstëtzen. Dës Wise bidde villen Insekte Liewensraum a Fudderreserven.

 

All weider Informatiounen zu de Geseemsmëschungen, a wéi Dir eng Blumewiss bei Iech am Gaart uleeë kënnt, fannt Dir op www.naturelo.meco.lu/wellplanzesom-aus-der-regioun/

 

 

 

08.09.22