Kongress 2025 vum Mouvement Ecologique

Zesumme si mir eng staark an onofhängeg Stëmm
Mëttwoch, de 26. Mäerz 2025 um 18.15 Auer
am Oekozenter Pafendall6, rue Vauban, Lëtzebuerg
Profitéiert dervun am zweeten Deel vum Kongress d‘Prioritéite vun der Energiepolitik vum Wirtschafts- an Energieminister Lex Delles virgestallt ze kréien an diskutéiert mat.
Et ass ganz wichteg an et wär ganz flott, datt Dir op de Kongress kommt, och wann Dir soss net aktiv sidd am Mouvement Ecologique.
Duerch Är Präsenz um Kongress weist Dir Är Solidaritéit an Är Ënnerstëtzung fir de Mouvement, weist den Aktiven, datt sech hiert Engagement lount. A natierlech kënnt Dir och positiv oder kritesch Umierkunge maachen. Grad an dësen Zäiten ass et wichteg, sech gemeinsam esou weiderhi Courage ze maachen an sech fir eng nohalteg Welt anzesetzen!
Den Ofschloss ass bei engem Patt a „Walking Buffet“
Fir d’Organisatioun ze erliichteren a wéinst dem Iesse wier et léif, wann Dir Iech géift umellen: meco@oeko.lu oder Tel. 439030-1
Den Oflaf vum Kongress 2025
18.00 Accueil vun de Memberen an duerno ass de statutareschen Deel
18.15 Begréissung a Ried vun der Presidentin
18.30 De Bilan vun den Aktivitéite vum Joer 2024, mat engem Ausbléck an d’Zukunft,
opbereet mat Biller an enger klenger Analyse wat erreecht gouf vu:
– Mouvement Ecologique a move.
– Oekozenter Pafendall
– Stëftung Oekofonds,
– Klima-Bündnis Lëtzebuerg
Remarken / Ureegunge vun de Membere sinn erwënscht. Gäre kënnt Dir eis se och
am Virfeld matdeele via meco@oeko.lu.
18.50 Bilan 2024 – Budget 2025
Finanzrapport vum Tresorier a vun de Keesen-Revisoren – Decharge
19.00 Decharge vum Verwaltungsrot
Neiwal vu Membere vum Verwaltungsrot a vun de Keesen-Revisoren
Fräi Aussprooch
Den Oflaf vum Kongress 2025
19.15 Austausch mam Wirtschafts- an Energieminister Lex Delles
De Minister wäert fir d’éischt seng Prioritéiten am Energiberäich duerleeën.
Duerno wäert en offenen Austausch mam Minister sinn, woubäi e.a. follgend Froen am Raum stinn:
• U wéi enge konkrete Resultater a Moossname well de Minister um Ënn vun der Legislaturperiod fir seng Aarbecht gemooss ginn?
• Wäert den Abau vu Solarenergie a Wärmepompelen erliichtert ginn? Wéi geet et weider um Energiedësch? Wéi wäerten d’Energieeffizienz, d’Energiespueren an déi erneierbar méi konkret gefërdert ginn? Wéi eng Entwécklung fir d’E-Mobilitéit?
• Wou steet d’Regierung mat Moossnamen, fir Leit mat manner finanzielle Ressourcen verstäerkt ze ënnerstetzen?
• Wäerte Leit déi an d’Energietransitioun investéieren, nach ëmmer e präisleche Virdeel par Rapport zu de Konsumente vu fossillen Energie behalen? Wéi geet et weider mam Stroumpräisdeckel, mam Ausbau vum Stroumnetz?
• Wéi soll et weider goe mat der CO2-Steier?
• Wéi och geet et weider mat der Begleedung vun de Gemenge beim Ausbau vun neie Wärmenetzer?
• Wéi eng nei Akzenter gëtt et och am Beräich vun enger nohalteger Wirtschaftspolitik?
Duerno ass Zäit fir en Austausch mam Sall an e Patt / Walking dinner.
Merci, datt Dir op de Kongress kommt! Är Präsenz ass ganz wichteg a weist, datt Dir hannert dem Mouvement Ecologique stitt. Profitéiert och vun der Geleënheet fir e flotten Austausch! Merci wann Dir eis am Virfeld sot, datt Dir op de Kongress kommt, dat erliichtert eis d’Organisatioun (meco@oeko.lu). Falls Dir soss Remarken zu oder Ureegunge fir d’Aktivitéite vum Mouvement Ecologique hutt, deelt eis et mat: meco@oeko.lu.
Zu Fouss / mat Bus / Zuch op de Kongress
Zu Fouss: Aus der Uewerstad mam Panorama-Lift (Agang am Park “Pescatore”, da ca. 4 min. bis bei
den Oekozenter oder zu Fouss vum Fëschmaart an de Pafendall (ca. 10 min.).
Mam Bus: Bus AVL No. 23 a No. 26 Haltestelle “Théiwesbuer“ oder Vauban.
Alternativ: mat enger Bus-Linn bis bei d’Fondatioun Pescatore an da mam Panorama-Lift an de
Pafendall. Infoen zu de Busverbindungen: www.mobiliteit.lu
Mam Zuch: aus dem Norden oder vun der Gare-Lëtzebuerg bis op d’Gare Pafendall-Kierchbierg,
duerno ca. 10 min. zu Fouss bis bei den Oekozenter.
Mam Vëlo: aus der Uewerstad ënner anerem mam Panorama-Lift an de Pafendall – oder mam Zuch
vun der Gare-Pafendall aus. En iwwerdaachte Vëlosstand ass direkt beim Oekozenter
Mam Auto: am beschten um Parking “Glacis” parken an da mam Panorama-Lift (Agang am Park “Pescatore”, da ca. 4 min. bis bei den Oekozenter). Am Pafendall si ganz wéineg Parkplazen.