• Print Friendly


Konferenz mam Dirk Müller – Mr. Dax

De 16. November um 19:30 ass am Festsall vum Atert Lycée Réiden eng Konferenz mam Dirk Müller, vun der däitscher Telé och nach bekannt als Mr. DAX.

Als erfuerene Makler op der Frankfurter Bourse kennt hien de kapitalistesche System wéi keen Zweete vu bannen. An awer hëlt hie kee Blat virun de Mond a kläert schounungslos iwwert d’Mëssstänn op. An dat op eng äusserst ënnerhalsam Manéier an a klore Wieder, esou dass jiddereen et versteet. A sengem Virtrag erklärt den Dirk Müller ënnert anerem wéi de Wirtschaftswuesstum vum Geldsystem gedriwwe gëtt, inwiefern de Geldsystem verantwortlech ass, dass d’Schéier tëschent Aarm a Räich ausernee geet a wisou et ëmmer erëm zu Finanz- a Wirtschaftskrise kënnt.

Uschléissend u säi Virtrag ass eng Diskussiounsronn mam Dirk Müller a Vertrieder aus Lëtzebuerg.

Eng eemoleg Geleeënheet déi Dir net verpassen dierft!

 

D’Entrée ass gratis. Hei kënnt Dir Iech umellen: http://beki.lu/neiegkeeten/den-dirk-mueller-kennt-op-reiden