• Print Friendly


Kleeder aus dem Second Hand Beräich

D’Kleederproduktioun berout oft op Ausbeutung vu Leit, ass ressourcenintensiv a belaascht d’Ëmwelt! Dobäi kënnt, datt vill produzéiert Kleeder net oder ganz wéineg gedroe ginn. Vill vun dëse Kleedungsstécker landen herno am Sammelcontainer, obschonn se an engem perfektem Zoustand sinn!

Vill besser ass: just Gezei kafen, wann Dir es wierklech braucht. An datt Dir gebrauchte Kleeder, déi Dir net méi wëllt, an de Second Hand gitt an och selwer do méi Kleeder kaaft. Second Hand huet och de Virdeel, datt dës Kleeder fräi vu flüchtege Gëftstoffer sinn an duerch d’Vermeide vu neie Produiten d’Ëmwelt an eis Gesondheet geschount gëtt. Gitt och Dir Kleeder eng zweet Chance – beim Weiderginn a selwer droen.

 

Hei fannt Dir eng Lëscht mat lëtzebuerger Second-Hand-Kleederbutteker:

 

Kuckt eran! Mir hunn e Buttek an eiser Lëscht vergiess? Gäre kënnt Dir eis dat matdeelen iwwert christophe.murroccu@oeko.lu

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

Hier geht’s zurück zur „fixit!“-Startseite