Kéisecker info Oktober (2) 2025

 

 

 

 

 

De Mouvement Ecologique ass eng kritesch Stëmm an der Lëtzebuerger Gesellschaft a mëscht sech ganz kloer och am Sënn vun enger nohalteger Zukunft an.
Ma niewent dëser kritescher Aarbecht, gi parallel ganz konkret Virschléi entwéckelt a konstruktiv Projeten duerchgefouert.
Dësen Info weist d’Villfalt vun den ugebuedenen Veranstaltungen – vun enger Konferenz  iwwert  d’Belaaschtung vu Liewesmëttelen duerch „Ewigkeitschemikalien“ an en Ëmgang domadder, iwwert Themae vu Fassadebegréngung an d‘ Ëmgestaltung vu Recycling- zu Ressourcenzentere bis zu engem Cours fir Gaardefrënn an och eng Wanderung.
Natierlech fannt Dir wéi ëmmer och fachlech Stellungnamen a verschidden Infoen an deenen neie Rubricken am Info, wou Dir kuerz a geziilt iwwert rezent Entwécklungen informéiert gitt.Vill Spaass beim Liesen.

 

 

 

 

22.10.25