Kéisecker info Mee (2) 2026

 

Am Editorial vun dësem Info geet op d’Ried zur Lag vun der Natioun vum Premier Luc Frieden an, deen Thema vun der nohalteger Entwécklung kaum ugeschwat huet.

 

De Mouvement Ecologique luet Iech op eng interessant Online-Konferenz zur Energietransitioun den 1. Juni an op d‘ Energiewochen déi vum 11. bis den 20. Juni stattfannen (Detailer op der Säit: 7 & 8), souwéi och op d’Oekofest dat dëst Joer Sonndes den 20. September stattfënnt.

 

Inhaltlech stinn dräi grouss Themen am Mëttelpunkt. Beim geplangte Google-Datacenter zu Bissen fuerdert de Méco méi Transparenz a méi streng Klimaoploen vum Ëmweltministère, besonnesch wat d’Energieeffizienz an Abwärmenutzung betrëfft. De lëtzebuergesche Klimasozialplan (PSC) bewäerten CSL, OGBL, LCGB a Mouvement Ecologique zwar grondsätzlech positiv, bemängelen awer d’feelend Haushaltszousoen, eng onkloer Zielgruppendefinitioun an en Zäitplang wéini en ëmgesat soll ginn. Beim Nationale Restaurierungsplang kritiséiert de Méco feelend konkret Moossnamen a fuerdert eng Widderhuelung vun der ëffentlecher Consultatioun.

 

Doriwwer eraus gëtt iwwert eng Konferenz iwwert de besuergneserreegende Réckgang vun de Wëllbeie bericht an duerch eng Emailaktioun un d’EU-Deputéiert, d’EU opgefuerdert , der Dereguléierung vum Gentechnikrecht net zouzestëmmen. Ausserdeem fannt Dir e vegaant Rezept vu VeggieTable, eng Aktioun vum Méco & Friends of the Earth an Neiegkeeten iwwert de Podcast vu move.

 

25.05.26