Kéisecker info Mäerz (2) 2026
Download(s)
A schonn ass erëm Zäit fir e neien Kéisécker-Info mat enger Hellewull vun ënnerschiddlechen Aktiounen a Veranstaltungen. Am Fokus steet awer de „Weltartendag“ vun der UNO, ob deem de Mouvement Ecologique eng Aktioun virum Staatsministère gemaach hat. Mir hunn den Aarten eng Stëmm ginn a sinn fir e vill méi heiche Stellewäert vun der Ëmwelt- a Naturschutzpolitik agetrueden. Des Doleancen konnte mäer dem Premier Luc Frieden an dem Ëmweltminister Serge Wilmes och matdeelen. Dir fannt dat alles am Sonderdossier op de Säite 4-8, mat Video!
Dir fannt awer ganz vill aner Informatiounen, z.B. och e klenge Video, wéi Dir en Uebstbam planze kënnt, an dësem Info.
12.03.26






