Gesundheit – Ernährung
  • Print Friendly


Kachcours: Virwëtzeg op vegetaresch a vegan Kichen ?!

De Mouvement Ecologique luet häerzlech an op Kachcoursë fir virwëtzeg op déi vill verschidde Goût‘e vun der vegetarescher a veganer Kichen ze maachen.

 

Gutt an attraktiv Rezepter ginn an de Kachcoursen no „ovo-lacto-vegetareschen“, „lacto-vegetareschen“ a „veganen“ Krittären zesummen zoubereet an d’Prinzippie vun der vollwäerteger, vegetarescher a veganer Kichen erkläert. Esou gesäit een, datt een och ouni Fleesch a Fësch gesond, gutt an ofwiesslungsräich kachen a genéisse kann. Selbstverständlech gëtt mat Liewensmëttelen aus biologeschem Ubau gekacht. Ofgehale gëtt de Kachcours vum Lydie Philippy, Autorin vun de Kachbicher „Natierlech genéissen“ a Bloggerin vum „veggie-table.lu“.

 

Programm:

Wärend insgesamt véier Owender gi verschidde Menüe gekacht vum Fingerfood, Entrée an Zopp bis hin zu Haaptplat an Dessert. D’Leit, déi um Kachcours deelhuelen, preparéieren a kache selwer, duerno gëtt zesumme geschmaacht.

Wéini a wou: Jeeweils ëmmer Dënschdes, de 19. a 26. Mäerz an de 16. an 23. Abrëll 2024 an der Kiche vum Lycée Guillaume Kroll – Aile technique – 28, rue Henri Koch – 4354 Esch-Alzette, vun 18.30 bis 21.30 Auer.

 

Präis: De Präis (4 Owender plus Dossier mat Rezepter) ass 120.- Euro fir Membere vum Mouvement Ecologique an 160.- Euro fir Net-Memberen.

Umeldung: Per Tel. 43 90 30-1 oder per E-Mail: inscription@meco.lu.

 

 

Mëllt Iech wgl. mat Zäiten un, wëll maximal 10 Leit ugeholl ginn, déi éischt si vir.

 

 

 

21.02.2024