• Print Friendly


Kachcours «Fingerfood»

Dënschdes, den 28. Abrëll vun 18.30 – 21.00 am Oekozenter Pafendall, 6, rue Vauban, Stad

An Zukunft wäerte niewent de Kachcoursen wou op e puer Owender verdeelt sinn, opgrond vun der grousser Nofro och eenzel Coursen zu bestëmmten Themen ugebuede ginn. Den éischten ass zum Thema „Fingerfood“.

Dësen Owend gi gutt an attraktiv Fingerfood-Rezepter no „vegetareschen“ a „vegane“ Kritären zesummen zoubereed an d‘Prinzipie vun der Vollwäert -, Vegetarescher- a Veganer-Kichen erkläert. Esou gesäit een, datt een och ouni Fleesch a Fësch gesond, gutt an ofwiesslungsräiche Fingerfood zoubereeden a genéisse kann.

Selbstverständlech gëtt mat Liewensmëttelen aus biologeschem Ubau gekacht.

Ofgehale ginn d‘Kachcoursowender vum Lydie Philippy, Autorin vun de Kachbicher „Natierlech genéissen“.

D‘Leit, déi um Kachcours deelhuelen, präparéieren a kache selwer, duerno gëtt zesumme geschmaacht.

Präis:

De Präis (1 Owend plus Dossier mat Fingerfood-Rezepter) ass 35 € fir Membere vum Mouvement Ecologique an 40 € fir Net-Memberen.

Iwwerweisung vun der Participatioun op den Kont CCPL LU16 1111 0392 1729 0000 mat der Mentioun „Kachcoursowend Fingerfood“

Umeldung:

Per Tel. 43 90 30-1 oder per e-mail: meco@oeko.lu

Mellt iech w.e.g. mat Zäiten un, well et gi maximal 16 Leit pro Owend ugeholl.

Déi éischt si vir!!

Umeldung spéitstens bis den 23.04.2015.