![](https://www.meco.lu/wp-content/uploads/2023/04/20230418-move-fest-700x361.png)
Jonker: Kommt laanscht op d’move.your.voices Fréijoersfest den 22. Abrëll!
Download(s)
Dëse Samschdeg ass am Oekozenter Pafendall eng méi lass! Fir hiert alljärlecht Fréijoersfest huet de Jugendgrupp vum Mouvement Ecologique – move. – cool Bands invitéiert a flott Aktivitéite geplangt. Och fir Gedrénks a gutt vegaant Iessen ass gesuergt! Komm laanscht op d’move.your.voices Fréijoersfest den 22. Abrëll! Méi Detailer ginn et op der Säit vum move.