• Print Friendly


Invitatioun: D’Regional Nordstad vum Mouvement Ecologique invitéiert op hir Online-Generalversammlung

De Comité vun der „Regional Nordstad“ vum Mouvement Ecologique invitéiert Iech d’Online-Generalversammlung de 17. Mäerz, um 18.15 Auer iwwer Zoom.

Programm:

    • Aktivitéitsrapport 2019-2020
    • Rapport vum Keessier
    • Neiwiel vum Comité*
    • E klengen Iwwerbléck iwwert national Dossieren / Austausch an Diskussioun, e.a. mat dem Blanche, Presidentin

Ausstausch iwwert d’RTGR-Busreform

Et goufen eng Parti Ännerunge vun de Buslinnen an der leschter Zäit. Wéi sidd dir zefridden? Solle mer Ännerunge verlaangen? Wat sinn är Froen?

 

Fir de Comité:

Laure Simon

Handy: 691 804082, laure.simon@pt.lu

Mellt iech wgl. un beim Laure, da kritt dir de Link geschéckt.

* Mir freeën eis, wa weider Leit Loscht hunn am Comité matzeschaffen, sot eis wgl. Bescheed wann Dir interesséiert sitt.

Am Comité:

Mariette Braconnier; Véronique Mathay; Laure Simon-Becker, Präsidentin; Jo Spielmann; Lou Steichen; Jean-Paul Zeimes, Caissier.