Naturschutz Land- und Forstwirtschaft
  • Print Friendly


Konkret Moossname fir den Erhalt vum Heckefräsch

Den 30. Mee huet eis éischt Visitt am Kader vun der Visitte-Réi „Ënnerwee mat Naturschützer:inne“ stattfonnt. De Frank Sowa vum Naturschutzsyndikat SICONA an de Fernand Schoos, laangjäregen aktive Member beim Mouvement Ecologique, hunn de Participanten déi geziilt Restauréierung vu Fiichtgebitter fir bedrohten Aarten – um Beispill vum Heckefräsch – méi no bruecht.
Mir hunn eis dräi verschidde Sitten zu Bartreng ugekuckt. Alles Weieren, déi de SICONA nei ugeluecht huet, resp. sech ëm d’Gestioun këmmert. Op engem vun dëse Sitten ass den Heckefräsch, deen deemools just nach op enger Platz am Oste vum Land virkomm ass, 2013 nei ausgesat ginn. Säitdeem huet hien et gepackt, sech an engem Rayon vun ëm déi 6 km auszebreeden. Dës war awer just méiglech, well de SICONA an deene lëschte Joren ee Reseau vu 70 Weieren an deem Ëmkrees opgebaut huet.

Fir ze iwwerliewen an sech ze reproduzéiere brauch den Heckefräsch flaach Weieren ouni vill Vegetatioun, déi sech schonn am Fréijoer (Abrëll-Mee) staark ophetzen. An deem waarme Waasser, kënnen seng Kauzekäpp sech a just 30 Deeg zum klenge Fräsch entwéckelen. Wat d’Waasser méi kal ass, wat d‘Entwécklung vun de Kauzekäpp méi lues ass, wat d’Gefor, datt se gefriess gi méi grouss an d’Iwwerliewenschance vun der Populatioun méi kleng ass.

Wëll d’Waasserkonditioune vun engem Weier ee Joer iwwert dat anert variéiere kënnen, ass et wichteg, datt dem Heckefräsch eng rei Weieren an engem Ëmkrees vun e puer Kilometer zur Verfügung stinn. Wëll hie just am Abrëll-Mee bei d’Waasser kënnt fir sech fortzeplanzen a säi Läich am Waasser ofzeleeën, ass et fir den Heckefräsch net schlëmm, wann de Weier am Summer ausdréchent. Am Géigendeel. Wann de Weier ausdréchent, kënnen aner Déieren, déi him kéinte geféierlech ginn, wéi z.B. Fësch oder verschidde Libellen-Larven, hei net iwwerliewen, wouvun den Heckefräsch natierlech profitéiert. Et ginn awer och aner Spezialisten, déi vun esou verdréchenden Weiere profitéieren.

Fréier goufen et vill der kleng Weieren an der Landschaft. D’Baueren hunn dës als Dränke fir hiert Véi gegruewen, ma z.B. och als Äis-Liwwerant am Wanter genotzt. Mam Asaz vun de Maschinnen an der moderner Landwirtschaft, an der de gréissten Deel vun den Notzdéieren och net méi op eng Wiss kënnt, waren dës „Kaulen“ iwwerflësseg a goufen nees zougeschott fir an déi „produktiv landwirtschaftlech Fläch“ integréiert ze ginn. Esou sinn och all déi Déieren-a Planzenaarten, déi op dës Liewensraim ugewise sinn, bzw. se ausgemaach hunn, verschwonnen, bzw. extrem rar ginn. Fir géint dëse Verloscht u Biodiversitéit – dee fir den Erhalt vun den Oekosystemleeschtungen awer immens wichteg ass – unzekämpfen, ass den Naturschutzsyndicat SICONA, an aner Naturschutzorganisatioune permanent op der Sich no neien Terrainen, op deenen si neie Liewensraum fir dës Aarte schafe kënnen, bzw. bestoend Biodiversitéit erhale kënnen. Och Privatleit kënnen hiren Terrain dem Naturschutz zur Verfügung stellen.

Den Heckefräsch ass ausserhalb vun der Reproduktiounszäit iwwregens net beim Waasser, mee virun allem am Gestrëpp: an Hecken, Bréimen an u Bëschränner. Et ass dofir wichteg, dass hien nieft flaache Weieren, och eng strukturräich Landschaft fënnt.

 

Folgend weider Visitte fanne bis zu de Summerméint ënnert dem Moto „Ënnerwee mat Naturschützer:innen“ statt. Weider Visitte wäerte méi spéit ugekënnegt ginn:

  • D’Vilfalt vum aarteräiche Gréngland entdecken, mam Claire Wolff, Landschaftsökologin (Naturschutzsyndikat SICONA) – Dënschdeg de 14. Juni um 18h00 20h00 zu Ollem
  • Hunnegbeien am Bësch – De Schwaarzspiecht als Zammermann vun de Beien,mam Roger Dammé (Imker) a Liliane Burton – Sonndeg den 3. Juli um 10.00 Auer zu Bierden

 

D’Unzuel u Léit wou kënnen deelhuelen ass begrenzt. Virkënntnisser sinn net néideg, ma d’Interessi um Naturschutz ass ee „Must“. Et ass erwënscht, datt ee – souwäit méiglech – u verschiddene Sortien deelhëlt.

D’Visitten hunn als Zil et jiddwer Interesséierten ze erméiglechen sech Wëssen unzëeegnen, dat ëm erlaabt am Naturschutz aktiv ze ginn a sech ggf. am Mouvement Ecologique ze engagéieren.

Umeldung: per Telefon 43 90 30 1 oder per E-Mail un inscription@meco.lu.