Nachhaltige Entwicklung
  • Print Friendly


Neien Tipp vun der Kampagne fixit!: Schoulmaterial

An der Serie fixit! Flécken.Léinen.Notzen fannt Dir reegelméisseg nei Tipps an Informatioune ronderëm d’Themen „reparéieren, weidernotzen an deelen“. Hei fannt Dir den aktuellsten Tipp zum Thema „Schoulmaterial“. Kuckt Iech och déi aner Tipps un a suivéiert de Projet hei um Site op Facebook an Instagram fir iwwert all Neiegkeete ronderëm dës Serie informéiert ze bleiwen.

 

De Ressourcenzenter SIVEC kritt all Joer 6.600 Tonnen u Material. E groussen Deel ass nach a  ganz guddem Zoustand, sollt awer normalerweis och verbrannt ginn. Deem well de SIVEC entgéint wierken andeems en sech staark fir de Réemploi gemaach huet: All Joer ginn sou em déi 100 Tonnen u Material  “gerett” an erëm an de Kreeslaf bruecht.

 

Eng besonnesch Aktioun ass déi vum Schoulmaterial*. Material dat nach gutt ass kann een um SIVEC ofginn. Dëst gëtt uschléissend vum Kräizbierg gesënnert esou wéi erëm a Stand gesat fir dat et herno kann u Schoulklassen, Maison Relais, a Crèche verdeelt ginn.  De Projet soll d’Kanner an d’Elteren am Ëmgang mat Ressourcë sensibiliséieren, Atelier Protegéen abannen an de Réemploi vu Material stäerken.

Hutt Dir Schoulmaterial ze vill wat Dir net méi braucht?  Oder schafft Dir an enger Schoul, Crèche, Maison Relais, a wëllt un dësem Projet deelhuelen, Faarwen, allméiglech Schoul a Bastelmaterial zur Verfügung gestallt kréien an e wichtegen Deel zur Sensibilisatioun bäidroen, da mellt Iech ënnert dëser Email: cdr@sivec.lu

 

 

* „Mol nach emol“ ass e gemeinsame Projet vum SIVEC, der SDK Academie, der Fondation Kräizbierg esou wéi der EBL, ënnerstëtzt vun der Œuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte.

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

Hier geht’s zurück zur „fixit!“-Startseite